| -
Sprooch: |
Fir
der Vereinsamung an dem Individualismus entgéint ze wierken, ass
d’europäescht Nopeschfest an d’Liewe geruff ginn, e Rendez-vous
dee Kontakter erméiglecht a versicht de sozialen Zesummenhalt
oprecht z’erhalen. Dësst ass d’Geleeënheet seng Noperen ze begéinen
an Kollegialitéit opzebauen fir gèint Anonymat an Einsamkeet ze
kämpfen.
|
Wéi organiséieren ech ee gelongen
Nopeschfest?
 |
Schwätzt
mat ären Noperen iwwert d’Nopschfest a bannt Se mat an d’Organisatioun
an.
Verdeelt d’Aarbecht.
|
 |
Gitt
Affichen, Invitatiounskaarten, Ballonen a T-Shirts op är Gemeng
sichen oder lued se hei niewendrun of. |
  |
Fannt
déi richteg Plaz fir d’Nopeschfest z’organiséieren : den Entréeshall,
d’Garage, de Gaart, den Haff, den Trëttoir…. |
  |
Gesitt
Gedrénks (mat an ouni Alkohol : denkt un d’Kanner !),
an Iessen (Chips, Salzstangen, Dips…) fir.
Dat
bescht ass, wa jiddereen eppes zum Buffet bäidréit.
Denkt
och un d’Dekoratioun an un d’Musek (mee passt op, dass dir kee
Sträit kritt mat den Noperen déi net matmaachen) !
|
  |
De
Sënn vum Nopeschfest ass et seng Nopere kennenzeléieren :
maacht den éischte Schrëtt a stellt iech fir. Déi déi schei si,
wäerten iech dankbar si.
Sidd
net nëmme Spectateur vum Nopeschfest, mee implizéiert iech an
huelt vollstänneg deel.
|
|